D'Mesure gi mat deem neie Gesetz just an e puer Punkten ugepasst.

D'Gesetz an deem déi nei Corona-Mesurë festgehale sinn, gouf en Dënschdeg an der Chamber ugeholl. Dat mat 54 Jo- a 4 Nee-Stëmmen. 2 Deputéierter haten sech beim Vott enthalen.

Déi aktuell Mesure géint de Coronavirus gi mat deem neie Gesetz just a verschiddene Punkten adaptéiert. Déi gréissten Neierung, ass de Fait, dass de sougenannte Cordon Sanitaire an de Spideeler elo nach méi enk ass. An Zukunft muss deemno all Persoun, déi e Spidol betrëtt entweder géint de Virus geimpft, negativ op Dëse getest oder no enger Infektioun mam Virus nees geheelt sinn. Bis ewell war dat nëmmen de Fall, wann ee fir eng Visitt bei engem Patient an e Spidol gaangen ass.

Déi aner Mesure géint d'Verbreedung vum Virus bleiwe weider a Kraaft. Esou wäert de Covid-Check weider ugewannt ginn an och d'Droe vum Mask am ëffentlechen Transport bleift weiderhin obligatoresch. Och an der HORECA bleiwen déi aktuell Reegelen a Kraaft.

Dat neit Gesetz trëtt e Mëttwoch um Mëtternuecht a Kraaft a soll bis den 18. Oktober inclus gëllen.