An England gouf eng Impfcampagne fir d’Schüler ugekënnegt.

Jonker tëscht 12 a 15 Joer kréien den Impfstoff vu Pfizer-BioNTech proposéiert. Dat huet de Minister, deen zoustänneg fir d’Impfungen ass, ugekënnegt. D’Schüler kréie vun nächster Woch un hir Invitatioune geschéckt. D’Autorisatioun vun den Elteren ass natierlech obligatoresch. Fir de Moment, kréien déi Jonk just eng Dosis ugebuede well si vun den engleschen Autoritéiten als Persoune mat klengem Risiko ugesi ginn.