Amnesty International ass géint e Boykott vun der Fussball-WM am Katar.

D’Organisatioun wëll éischter déi international Opmierksamkeet bei der WM notzen, esou eng Amnesty-Expertin géintiwwer der Funke Mediengruppe. Am Katar ass de Respekt vun de Mënscherechter problematesch. Zum Beispill gëtt den Ëmgang mat den Aarbechts-Migrante schaarf kritiséiert. D’Fussball-WM ass fir d’nächst Joer geplangt.