En Dënschdeg soll den neien iPhone 13 virgestallt ginn.

Vun 19h00 eiser Zäit un gëtt en online Apple Event organiséiert. De Livestream nennt sech "California Streaming". Ënner anerem sollen den iPhone 13 mee och d’Apple-Watch 7 presentéiert ginn. Et kéinten och Detailer iwwer den iOS15 matgedeelt ginn.