3 Kläranlage goufe bei den Onwiederen esou staark beschiedegt, dass Dës zäitweis komplett ausgefall waren.

Bei den Iwwerschwemmunge vum 14. a 15. Juli goufe 4 Kläranlage beschiedegt. Dat äntwert d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Gusty Graas vun der DP. Wéi et an der Äntwert vun der Ministesch heescht, wieren d'Kläranlagen zu Beetebuerg, Iechternach, Rouspert a Méischdref bei den Iwwerschwemmunge beschiedegt ginn. D'Anlagen zu Iechternach, Rouspert a Méischdref goufe bei den Onwiederen esouguer komplett iwwerschwemmt. An dëse konnt dowéinst eng Zäit laang keen Ofwaasser gerengegt ginn.

An der Iechternacher Kläranlag konnt d'Waasser vum 17. Juli un nees mechanesch a vum 20. Juli un nees biologesch traitéiert ginn. Dat d'nämmlecht war an der Anlag zu Rouspert de Fall. D'Anlag zu Méischdref funktionéiert zënter dem 23. Juli erëm. Allerdéngs funktionéieren déi 3 Anlagen nëmme well provisorescht Geschier installéiert gouf. E Groussdeel vun den elektreschen an techneschen Installatioune vun den Anlage goufe bei den Iwwerschwemmungen nämlech komplett zerstéiert.

Wéi et weider an der Äntwert vun der Ministesch heescht, wäert et nach Wochen oder Méint daueren, fir d'Installatiounen ze flécken a verschidde Basengen, déi bei den Onwieder verknascht goufen ze botzen.