D'Responsabilitéit fir d'Problemer mat engem techneschen Zertifikat géif bei engem externe Prestataire leien.

D'Auslafe vun engem techneschen Zertifikat soll de Grond dofir gewiescht sinn, dass de Warn-Message vun der GouvAlert-App wärend den Iwwerschwemmunge vum 14. a 15. Juli méi spéit ewéi virgesinn ofgeschéckt gouf. Dat äntweren d'Inneministesch Taina Bofferding an de Minister fir d'Digitalisatioun Xavier Bettel op enge parlamentaresch Fro vum Deputéierte Gilles Roth vun der CSV.

Wéi et an der Äntwert vun der Ministesch a vum Minister heescht, wier en techneschen Zertifikat, deen d'App fir richteg ze funktionéiere brauch, e puer Deeg virun den Iwwerschwemmungen ausgelaaf an net mat Zäiten verlängert ginn. Dëse sollt ënner anerem sécherstellen, dass de Warn-Message vun der Applikatioun vollstänneg an op eng Aart a Weis, déi sécherstellt, dass Dësen net kann interceptéiert ginn, verschéckt gëtt. D'Responsabilitéit géif hei bei engem externe Prestataire leien, deen d'Applikatioun am Optrag vum Staat entwéckelt huet an Dës geréiert.

Dëse Problem wier antëscht behuewen an et wieren eng Partie Mesuren an d'Weeër geleet ginn, déi sécherstelle sollen, dass sech dëse Problem an Zukunft net widderhuele kann.