2 onbekannten Täter haten d'Fra géint eng Mauer gestouss an hir d'Posch ofgeholl.

Kuerz no 19h00 e Méindeg den Owend gouf eng jonk Fra vun 2 onbekannte Männer an der Rue de l'Hippodrome zu Bouneweg iwwerfall. Béid Täter waren op d'Fra zougaangen an haten op Franséisch op si ageriet. Wärend dem Gespréich hu si d'Fra op eemol widder eng Mauer gestouss an hir d'Posch geklaut. Duerno ware si an eng onbekannten Direktioun fortgelaf. Béid Männer haten eng donkel Hautfaarf a waren tëscht 1 Meter 70 an 1 Meter 75 grouss a sportlech gebaut. Allebéid haten donkel Joggingen a schwaarz Masken un.