Bis den 18. Oktober kann een sech bis an der Stad gratis op de Coronavirus teste loossen.

D'Stad Lëtzebuerg wäert d'Verdeelung vun de Bonge fir gratis Corona-Schnelltester bis den 18. Oktober vun dësem Joer verlängeren. Dat deelt wéi Stater Gemeng an engem Communiqué mat. Deemno wäert all Persoun, déi en Etablissement an der Stad besiche wëll sech bis op dësem Dag an engem vu 15 Test-Zenteren op de Coronavirus teste kënne loossen.

Och de groussen Test-Zenter an der Groussgaass wäert bis den 18. Oktober op bleiwen. Dat vu Méindes bis Samschdes vun 10h00 Moies bis 18h00. Sonndes a Feierdag wäert den Zenter vun 10h00 Moies bis 14h00 Owes op sinn.

D'Bedreiwer vun de Stater Restauranten a Caféë wäerten hir Bonge fir gratis Tester vu Méindes bis Freides tëscht 09h00 Moies an 12h00 Mëttes an tëscht 14h00 Mëttes a 17h00 Owes entweder an der Gemeng oder am Gebai "Rocade" op der Nummer 3 an der Rue du Laboratoire ofhuele kënnen.