E Gesetz gesäit fir, den Ubau vu maximal 4 Cannabisplanze fir de privaten Zweck an Italien ze legaliséieren.

An Italien wäert den Ubau vum Cannabis fir de private Gebrauch wuel deemnächst legal ginn. D'Justizkommissioun vum italienesche Parlament zu Roum huet e Méindeg e Gesetz ugeholl, dat virgesäit den Ubau vu maximal 4 Cannabisplanze fir de privaten Zweck ze legaliséieren.

Weiderhi gesäit dat neit Gesetz fir, d'Strofe fir den Handel mat liichten Drogen däitlech erofzesetzen. Bis ewell ass hei an Italien eng Prisongsstrof tëscht 2 a 6 Joer virgesinn. Dës soll an Zukunft nach maximal 1 Joer beroden.

Den Ënnerstëtzer vum Gesetz no géif eng méi liberal Drogepolitik virun allem der Mafia schueden. Dës kontrolléiert nämlech de Groussdeel vum Handel mat den illegalen Drogen an Italien.