Um Mëttwoch ass d’Schoulrentrée mat liicht manner strenge Restriktiounen.

Et ginn also haut eng 59.000 Schüler nees an d’Grondschoul. Am Klassesall gëtt d’Maskeflicht ofgeschaaft wann d’Schüler op hire Plaze sëtzen. All Schüler soll dann och zwee Mol d’Woch getest ginn. D’Schüler si jo net geimpft well keen Impfstoff fir Kanner ënner 12 Joer zougelooss gouf. Eng Partie ausserschoulesch Aktivitéite wäerten nees méiglech sinn.