Vun e Mëttwoch un gëllt eng Impfflicht fir d’Fleegepersonal a Frankräich.

All Mataarbechter vu Spideeler, Fleegeheemer a Fleegedéngschter mussen op d’mannst eng Impfdosis kritt hunn. Dat selwecht gëllt fir Leit déi bei de Rettungsdéngschter schaffen. Wann dat net de Fall ass, da kënnen déi Leit mat Sanktioune rechnen. Persounen déi bis de 15. Oktober net vollstänneg geimpft si riskéieren e Beruffsverbuet. Ëmfroen no soll d’Majoritéit vun de Fransousen d’Impfflicht fir d’Fleegepersonal ënnerstëtzen.