An Holland goufen eng Partie Corona-Oplockerungen annoncéiert.

Déi meescht Restriktioune sollen de 25. September ewechfalen. Zum Beispill gëtt d’Ofstandsreegel vun 1,5 Meter komplett ofgeschaaft. Dat huet den hollännesche Ministerpresident Mark Rutte annoncéiert. Vun deem Moment un gëllt awer e Corona-Pass. Et muss een also beweise kënnen dass ee getest, geimpft oder geheelt ass. Dës Reegel trëtt an der Gastronomie a Kraaft an erlaabt et nees grouss Evenementer z’organiséieren.