Vill EU-Bierger géifen d’Angela Merkel als hypothetesch Präsidentin vun Europa gesinn.

Dat geet aus enger Ëmfro vum "European Council on Foreign Relations" ervir. Wann et de Poste vun "Präsidentin vun Europa" géif ginn, da géifen 41 % vun de Gefrote fir d’Angela Merkel wielen. Besonnesch beléift ass déi aktuell Bundeskanzlerin an Holland. Op der zweeter Plaz wier dann de franséische President Emmanuel Macron.