Apple huet en Dënschdeg den Owend nei Produite virgestallt.

Beim Online-Event goufen eng Partie nei Apple-Produite virgestallt. Den iPhone 13 kënnt a véier nei Versiounen eraus. Den Design ass net ganz nei mee d’Kamera gëtt vill besser. Donieft gouf d’Apple-Watch 7 virgestallt. Och nei Versiounen a Verbesserunge vun den iPads goufe presentéiert.