D'Police huet eng Persoun no enger Ausenanersetzung am Garer Quartier an der Stad festgeholl.

Bei enger Kläpperei am Garer Quartier gouf op en Neits eng Persoun blesséiert. Kuerz virun 18h00 en Dënschdeg den Owend gouf der Police eng Ausenanersetzung tëscht e puer Persounen an der Rue Adolphe Fischer am Garer Quartier an der Stad gemellt. Op der Plaz hunn d’Poliziste festgestallt, dass eng Persoun bei der Kläpperei blesséiert gouf. D’Beamten hunn doropshin 2 aner Persoune mat op de Policebüro geholl. Eng vun hinne gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum de Moie virun den Untersuchungsriichter.