De Bundesrat huet e Freideg nei Reegele festgesat.

D’Arees-Bestëmmunge fir an d’Schwäiz gi vun e Méindeg u méi streng. Leit, déi net géint de Coronavirus geimpft oder geheelt sinn, musse vun e Méindeg un een negative Coronatest virweisen, wann si areesen. No 4 bis 7 Deeg mussen si sech nach eemol teste loossen. D’Regierung wëll domat eng Hausse vun den Infektiounszuelen no der Hierscht-Vakanz verhënneren.