De Bundeskanzler warnt: Bei enger Hausse vun de Corona-Zuelen gëtt et Après-Ski just fir geimpfte Leit.

Den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz versprécht eng sécher Schi-Saison. Falls sech d’Corona-Situatioun am Land weider verschäerft, géifen nëmmen nach geimpfte Leit Zougang zu Après-Schi-Lokaler kréien, esou de Bundeskanzler an engem Interview mat der Medien-Funkegruppe. Souwuel 70 Prozent vun den iwwer 12-Järege wéi och de Groussdeel vun den Touriste wiere geimpft. Deemno stéing enger sécherer Schi-Vakanz an Éisträich näischt am Wee.

Déi éisträichesch Schi-Uertschaft Ischgl war d'lescht Joer zum Corona-Hotspot ginn. Aktuell ass ee Schuedenersatz-Prozess zu Wien amgaangen. Déi Hannerbliwwe vun engem Corona-Doudegen hunn de Staat Éisträich ugeklot. Hiren Affekot argumentéiert, dass de Bundeskanzler Kurz mat senger onvirbereeter Quarantän-Ukënnegung fir Ischgl fir ee Chaos mat weideren Infektioune responsabel war.