An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg ass e Geeschterfuerer op der A1 der Police gemellt ginn. De Chauffer war alkoholiséiert.

Kuerz no Mëtternuecht gouf op der Autobunn A1 op der Héicht vu Mënsbech e Geeschterfuerer a Richtung Däitschland gemellt.

E Puer Policepatrullen hunn nom gemellte Won an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg gesicht. Kuerz virum Grenziwwergang Waasserbëlleg ass den Automobilist géint e Camion geknuppt.

De schëllege Chauffer hat deemno ze vill gedronk wouropshin de Permis agezu gouf an eng Plainte deposéiert gouf.

Ee weideren alkoholiséierte Chauffer gouf géint 01:30 Auer an der Stad gestoppt. De Chauffer krut e Fuerverbuet. Deemno huet den Automobilist op der Héicht vum Pont Adolphe eng Rout Luucht net respektéiert. Den Alkoholtest dee positiv ausgefall ass huet zum Fuerverbuet gefouert souwéi d'Confisquéiere vum Permis.

Donieft huet kuerz viru 04:00 Auer eng Patrull en Automobilist an der Stad kontrolléiert deen trotz engem Platten an der rue de la Tour Jacob ënnerwee war. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis war doropshi fort.