Zu Käerjeng ass e Chauffer an der Nuecht op e Samschdeg gestoppt a kontrolléiert ginn. De Chauffer hat kee Führerschäin.

Géint 02:00 Auer an der Nuecht op e Samschdeg ass e Chauffer zu Käerjeng opgefall. Bei der Kontroll gouf en ze héijen Alkoholafloss festgestallt.

Eng Nofro bei de franséischen Autoritéiten huet erginn, datt den Automobilist kee Führerschäi besëtzt. E Fuerverbuet gouf ausgestallt an eng Plainte gouf deposéiert.

An der selwechter Nuecht kuerz virun 03:00 Auer koum enger Patrull zu Rodange an der rue Klopp en Automobilist mat héijer Vitess entgéint. De Chauffer konnt kuerz drop gestoppt a kontrolléiert ginn. Och hei war den Test positiv an de Permis gouf agezunn.

Géint 03:45 Auer ass en Automobilist zu Esch opgrond vu senger Fuerweis opgefall a gouf kontrolléiert. Den Test war positiv ausgefall. Kuerz méi spéit konnt an der route Esch zu Bieles bei engem weidere Chauffer en ze héijen Alkoholafloss festgestallt ginn. A béide Fäll war de Permis fort.