A Frankräich, méi genee zu Lille huet e Bar sech eng afale gelooss fir Leit vun enger Covid-Impfung z'iwwerzeegen.

"Keng Loscht", "net dru geduecht" oder "keng Zäit". An engem bekannte Véierel vu Lille huet sech eng Tubak-Bar um Samschdeg an en Impfzenter géint Covid-19 ëmfunktionéiert fir esou no wéi méiglech un de Public ze goen an ondecidéiert Leit vun enger Impfung z'iwwerzeegen.

"Impfung, Café, Croissant", dat ass de Slogan vun der Gerante vun der Bar am Véierel Fives zu Lille.

Der Gerante no hu vill Awunner Schwieregkeeten an den Zentrum vun der Stad ze komme fir sech impfen ze loossen. Virun allem déi eeler Populatioun hätt domat Problemer.

D'Gerante Fabienne Plouvier huet donieft erzielt, datt si ongeféier 30% vun hirer Clientèle verluer zënter de Gesondheetspass a Frankräich agefouert gouf.

D'Prozedur ass genee déi selwecht wéi an engem klasseschen Impfzenter. Virun der Impfung huet een e kuerzt Gespréich mat enger Soignante. No der Impfung muss een dann eng Véierelsstonn waarden.