9 Persoune waren an een Accident an der Nuecht vun ee Samschden op ee Sonnden um Belval verwéckelt. 1 Persoun huet d'Accident net iwwerlieft.

Wéi d'Police matdeelt, ass kuerz virun 1:00 Auer an der Nuecht vun de Samschden op de Sonnden een Auto am Kreesverkéier vun der Porte des Sciences um Belval verongléckt. De Chauffer hat kuerz nom Tunnel Micheville d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass mat der lénkser Säit vum Auto an d'Leitplank geknuppt. Doropshin huet sech den Auto iwwerschloen an ass am Kreesverkéier zum stoe komm.

Am Ganzen hunn sech zu deem Zäitpunkt 9 Persounen am Auto befonnt, vun deenen der och e puer aus dem Auto geschleidert goufen. Eng jonk Fra gouf am Auto ageklemmt an huet misse vum Rettungsdéngscht befreit ginn. D'Bäifuererin, eng 20 Joer al Fra aus Holland, ass nach op der Plaz un hire Verletzunge gestuerwen. Zwou weider Persoune goufe schwéier blesséiert a missten noutoperéiert ginn. 6 weider Affer goufe liicht blesséiert.

De Parquet huet de Miess- an Erkennungsdéngscht ugewisen d'Plaz vum Accident ze ënnersichen. D'Streck war wéinst de Rettungsaarbechten an den Opraumaarbechte bis kuerz viru 5:00 Auer fir de Verkéier gespaart. Op der Plaz waren de SAMU, zwou Ambulanze vun Esch, eng Ambulanz vu Suessem-Déifferdeng, eng Ambulanz vu Beetebuerg, souwéi d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng an d'Pompjeeë vu Monnerech.

RTL

© Police

RTL

© Police