Wéi d'Police matdeelt, goufen opgrond vun engem ze héijen Alkoholpeegel, jeeweils e puer Plaintë gemaach an deelweis goufe Permisen agezunn.

Géint véierel op 7 um Samschdegowend koum et zu engem Accident zu Esch, woubäi de Chauffer ze vill gedronk hat. De Permis gouf agezunn an eng Plainte gouf erstallt.

Kuerz viru Mëtternuecht an der Nuecht vun ee Samschden op ee Sonnde gouf ee Chauffer op der N1 tëschent Gréiwemaacher a Mäertert wéinst sengem Fuerstil kontrolléiert. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall an eng Plainte gouf gemaach.

Géint hallwer 2 an der Nuecht vun ee Samschden op ee Sonnde gouf ee Chauffer wéinst sengem Fuerstil um Salzhaff gestoppt. De Permis gouf agezunn, nodeems den Alkoholtest positiv ausgefall ass.

A géint 3 Auer an der Nuecht vun ee Samschden op ee Sonnde war ee Chauffer mat vill ze héijer Vitess op der Autobunn A1 vu Mäertert Richtung Däitschland ënnerwee. D'Police huet den Auto no enger Verfolgung konnte kuerz virun der Grenz stoppen. Bei der Kontroll gouf festgestallt, dass d'Fra ee vill ze héijen Alkoholpeegel hat. Hei gouf de Permis agezunn an eng Plainte gouf erstallt.