Wéi de CGDIS matdeelt, koum et um Samschdegowend zu engem Accident tëschent engem Motorrad an engem Auto. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert.

Géint véierel op 7 um Samschdegowend huet zu Esch een Auto ee Motorrad ze packe krut. Hei gouf eng Persoun blesséiert an op der Plaz waren d'Ambulanz vun Esch an d'Pompjeeë vu Suessem-Déifferdeng.

Des Weidere mellt de CGDIS ee Feieralarm deen zu Bäreldeng ausgeléist gouf. Dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Hei waren op der Plaz d'Ambulanz aus der Stad Lëtzebuerg, souwéi d'Pompjeeën aus der Stad an d'Pompjeeë vu Walfer.