Zu Washington hunn eng honnert Unhänger vum fréieren amerikanesche President Donald Trump demonstréiert.

An der Géigend vum US-Kapitol zu Washington an den USA hunn e puer honnert Unhänger vum Ex-Präsident Donald Trump demonstréiert. Sie fuerderen d'Fräiloossung vun den Ugräifer, déi de 6. Januar an d'Kapitol gestiermt sinn. Déi amerikanesch Police hat mat méi Participante gerechent a war mat ronn 100 Beamte sur place. Ronderëm d'Plaz gouf eng Sécherheetsbarrière opgestallt. Demonstratioun ass awer insgesamt friddlech verlaf. Wéi déi amerikanesch Police matdeelt goufe 4 Persoune festgeholl, ënner anerem wéinst Waffebesëtz.

Beim Ugrëff op d'US-Kapitol de 6. Januar si 5 Persounen em d'Liewe komm a ronn 600 Ugräifer goufe festgeholl.