No hirer Rees an d'Weltall sinn déi 4 Persounen nees op der Äerd ukomm. Dëst war deen éischte Vol an d'All bei deem d'Ekipp just aus Touriste bestoung.

Kuerz virun 1 Auer an der Nuecht eiser Zäit ass d'Kapsel mat deene 4 Weltraumtouriste virun der Küste vu Florida gelant. Dat nodeems de Start um Mëttwochowend war. D' "Dragon"-Kapsel vun der amerikanescher Firma SpaceX huet an deene leschten dräi Deeg d'Äerd op enger Héicht vu 580 Kilometer ëmkreest. Nieft dem Leeder vun der Missioun a Milliardär Jared Isaacmann haten nach dräi weider Persounen, déi vun him ausgewielt goufen, d'Chance op déi Rees. Der amerikanescher Zeitung "Time Magazin" no, sollen Ticketen all zesumme ronn 200 Milliounen Dollar kascht hunn. Mee wéi vill de Milliardär dem Tesla-Grënner Musk wierklech bezuelt huet ass net gewosst.

Dëst war déi éischt Rees an de Weltraum, bei där d'Ekipp vun der Kapsel reng aus Laie bestanen huet.