D’Police mellt en déidlechen Accident tëscht Useldeng a Rippweiler-Barrière.

Den Accident ass e Sonndeg den Owend géint 21h00 geschitt. En Automobilist ass lénks mat sengem Auto vun der Fuerbunn erofkomm. Hien ass dann an zwee Beem gerannt. De Won huet sech an engem Feld iwwerschloen. Am Auto waren 3 Persounen. En 21-järege Mann vu Rippweiler gouf déidlech blesséiert. Déi aner zwou Persoune goufe schro verwonnt a goufen an d’Spidol bruecht. Eng Persoun huet missen noutoperéiert ginn. Op Uerder vum Parquet war de Miess- an Erkennungsdéngscht op der Plaz.

RTL

© Police

RTL

© Police

RTL

© Police