De Streckeradar am Tunnel Markusbierg geet e Méindeg an d’Testphas.

Dat hat d’Administratioun vun de Ponts et Chaussées matgedeelt. De Radar moosst d’Duerchschnëtts-Vitesse mat där d’Gefierer duerchfueren. Déi maximal Vitesse fir normal Gefierer ass 90 Stonnekilometer. Wärend der Testphas wäerte nach keng Protokoller geschéckt ginn. Dës Phas dauert e puer Wochen.