An deenen nächste Méint kéint d’Populatioun zu Lëtzebuerg eng drëtt Impfdosis proposéiert kréien.

Dat sot d’Presidentin vum Conseil Supérieur des maladies infectieuses, Thérèse Staub, am RTL-Interview. D’Booster-Impfung wier awer fir d’éischt fir vulnerabel Leit. Virun Enn des Joers kéint awer och déi ganz Populatioun drukommen. Et misst een awer och de Moment dofir suergen dass d’Leit sech zu Lëtzebuerg fir d’éischt impfe loossen.