No dëser Entdeckung sicht d'Police elo no Persounen, déi e Béischt vermëssen, respektiv no Persounen, déi wieder Informatioune liwwere kënnen.

D’leschte Samschdeg hate Spadséiergänger op engem Wee an engem Bësch tëscht der Industriezone Solupla an dem CR304 an der Géigend vu Biekerech eng blo Tut fonnt. An Dëser war d'Gedäerms vun engem jonke männleche Kallef. An dësem Zesummenhang sicht d’Police elo no enger Persoun, déi e männlecht Kallef oder e jonke Stéier vermësst, respektiv no Persounen, déi Informatiounen iwwer dës Entdeckung hunn. Alleguerten d’Informatioune sinn hei fir de Policekommissariat vu Réiden. D’Telefonsnummer ass den 24 492 1000.