EU-Bierger, déi géint de Coronavirus geimpft sinn an en negative Corona-Test virweise kënnen, solle vum November un nees an d'USA reesen dierfen.

Wéi de Corona-Koordinator vum wäissen Haus, Jeffrey Sients, e Méindeg sot, solle vollstänneg geimpften EU-Bierger vun Ufank November un nees an d’USA areesen dierfen. Dat ënnert der Viraussetzung, dass si vollstänneg géint de Covid-19 geimpft sinn an en negative Corona-Test virweise kënnen. Ausserdeem mussen si sech domadder averstanen erklären, dass hir Kontakter, déi si wärend hirem Openthalt an den USA hunn, festgehale ginn.