En neien Internetsite soll et ënner anerem erlaben d'Autoritéiten anonym op kannerpornografescht Material um Internet hinzeweisen.

Den ECPAT an de Kanner- a Jugendtelefon hunn e Méindeg eng nei Campagnë géint sexuell Gewalt géigeniwwer Kanner lancéiert.
Zil vun dëser Campagnë ass et ënner anerem géint kannerpornographescht Material um Internet virzegoen. Zu dësem Zweck gouf en neien Internetsite an d’Liewe geruff. Op ''stopline.bee-secure.lu'', kann elo all Mënsch anonym op méiglecht kannerpornografescht Material um Internet opmierksam maachen. Donieft kann een iwwert dëse Site och rassistesch, revisionistesch an diskriminatoresch Inhalter mellen. Ausserdeem kann een op méiglech Terrormenacen oder Opriff zu Verbriechen hiweisen.

Am Fall, wou dat gemellte Material effektiv ee vun dësen Tatbestänn erfëllt, ginn dann déi zoustänneg Autoritéiten informéiert.