Zu Lëtzebuerg hu sech 0,37% vun de komplett geimpfte Persounen nach mam Coronavirus infizéiert.

Dat huet d’Santé géintiwwer RTL confirméiert. Vu ronn 370.000 komplett geimpfte Persounen hu sech iwwer 1.300 Persounen infizéiert. Den Taux ass jee no Impfstoff liicht anescht. Fir déi Leit, déi vollstänneg mat Moderna geimpft goufen, ass et am mannste probabel sech z’infizéieren.