D’EU-Kommissioun huet e Vertrag fir e Medikament géint de Coronavirus ënnerschriwwen.

Um Kaf vum Medikament hu sech 18 EU-Staate bedeelegt. Der Kommissioun no geet et ëm e Medikament fir Covid-Patiente bei deenen d’Gefor vun engem schroe Krankheetsverlaf besteet. Déi europäesch Medikamentenagence analyséiert de Moment ob esou e Medikament zougelooss ka ginn.