De Parquet vun Dikrech huet d'Police mat enger Enquête beoptraagt an eng Autopsie an d'Weeër geleet.

En Dënschdeg am spéiden Nomëtte goufen an engem Bësch an der Géigend vu Wolwen Schanke fonnt. Éischten Erkenntnisser no, soll et sech ëm mënschlech Schanken handelen. De Parquet vun Dikrech gouf informéiert an huet d'Police mat enger Enquête beoptraagt. Ausserdeem huet de Parquet eng Autopsie an d'Weeër geleet.