E Mann, deen zu Wëntger mat 118 Stonnekilometer geblëtzt gouf, krut de Führerschäin ofgeholl.

Bei enger Verkéierskontroll, déi d’Police e Mëttwoch de Moien am Kader vun der Rentrée bei der Primärschoul zu Wëntger gemaach hat, haten d’Beamten en Automobilist geblëtzt, dee mat 118 amplaz vun den erlaabte 50 Stonnekilometer ënnerwee war. D’Polizisten hunn dem Mann säi Führerschäin agezunn an eng Plainte géint hien deposéiert.

Kuerz no dësem Tëschefall hunn d'Beamten dann eng Plainte géint e weidere Chauffer deposéiert. Dëse war mat 81 Stonnekilometer geblëtzt ginn.