De Streik wäert am Kader vun enger weltwäiter Aktioun fir méi Klima-Gerechtegkeet stattfannen.

Dëse Freideg ass hei am Land de grousse Schoul-Streik fir méi Klima-Gerechtegkeet. Wéi Youth for Climate Luxembourg e Mëttwoch an engem Communiqué matgedeelt huet, hätt een an dësem Zesummenhang en Akkord mam Educatiounsministère fonnt. Dëse géif et erlaben, dass d’Schüler, déi um Streik deelhuelen dat maache kënnen ouni, dass si dowéinst onentschëllegt am Cours feelen. Deemno kënnen si an d’Sekretariat vun hirem Lycée e Formulaire siche goen. Wa si Dësen, bis de Freideg de Moien um 9 Auer ënnerschriwwen am Sekretariat ofginn, dierfen si um Streik deelhuelen, ouni, dass si dowéinst onentschëllegt feelen.