Och déi zwee lescht Klima-Aktivisten hunn hiren Hongerstreik zu Berlin am Regierungsquartier um Sonnden ofgebrach.

Déi zwee lescht Klima-Aktivisten haten um Samschden ugekënnegt och keng Flëssegkeet méi zou sech ze huelen. Si fuerderen den Ausruff vum Klimanoutstand. Den SPD-Kanzlerkandidat Scholz huet fir een ëffentlecht Gespréich an deenen nächste 4 Wochen zougesot, sou de Scholz iwwer Twitter. D'Partei SPD bestätegt dës Informatioun.

Enn August haten e puer jonk Persoune mat engem Hongerstreik ugefaangen. Si wollten domadder d'Gespréich mat deenen dräi Kanzlerkandidaten erzwéngen.