Am US-Bundesstaat Montana ass een Zuch entgleist. Dobäi sinn op mannst dräi Persounen ëm d'Liewe komm a vill Passagéier goufe blesséiert.

Zum Ongléck koum et bei der Uertschaft Joplin am Staat Montana an den USA. U Bord waren 146 Passagéier a 16 Mataarbechter, sou d'Responsabel vun der Bunn. Amerikanesche Medie no, sinn op mannst dräi Persoune gestuerwen a ronn 50 Persoune goufe blesséiert.

Den Zuch war ënnerwee vu Chicago am Bundesstaat Illinois op Seattle am Bundesstaat Washington. Dës Streck ass knapp 3.400 Kilometer laang. Den Zuch bestoung aus zwou Lokomotiven an 10 Waggonen. Dovunner sinn der 8 entgleist. Wéi et zur Entgleisung konnt kommen ass nach net gewosst.