Wéi de CGDIS matdeelt koum et an der Nuecht vun ee Samschden op de Sonnden zu engem Accident mat zwou blesséierte Persounen.

An der Nuecht vun ee Samschden op ee Sonnde kuerz viru 5 Auer koum et um Lampertsbierg zu engem Accident. Hei kruten sech zwee Autoen ze packen. Dobäi goufen zwou Persoune blesséiert.

Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vun der Stad Lëtzebuerg.