Wéi d'Police an hirem Bulletin schreift, ass e Chauffer op der Autobunn hannert dem Steier ageschlof. Ma och an der Stad war e Chauffer net ganz fit.

Um Donneschdeg hunn Beamte géint 19:20 Auer e stationéierte Won zu Rodange an der route de Longwy kontrolléiert wéi d'Poliziste festgestallt hunn, datt de Chauffer dee nach am Auto war, Zeeche vun Alkoholafloss ginn huet.

Donieft hunn d'Poliziste gemierkt, datt e Pneu um Auto géif feelen an de Won deementspriechend op der Felg gefuer ginn ass. Wärend der Kontroll huet de Chauffer d'Beamte beleidegt a war net kooperativ. Weider koum d'Informatioun, datt de Chauffer e Fuerverbuet géint sech ausstoen hat. De Parquet huet d'Festnam vum Chauffer ordonéiert an de Chauffer koum och virun den Untersuchungsriichter.

Géint 03:10 Auer hunn Beamten e Won kontrolléiert deen op der A6 a Richtung Belsch, kuerz no der Aire de Capellen op der Pannespuer stoung an d'Luuchten net un hat.

Festgestallt gouf e Mann deen hannert dem Steier geschlof huet. D'Beamten hunn probéiert de Mann duerch Tocken un der Fënster vun der Chaufferssäit waakreg ze maachen, allerdéngs ouni Erfolleg. Eréischt no puer Versich a wéi d'Polizisten um de Won gerëselt hunn ass de Mann lues zou sech komm. Den Alkoholtest war positiv. De Permis gouf agezunn.

Weider hunn Poliziste kuerz viru 04:00 Auer an der rue Notre-Dame an der Stad e stationéierte Won ugetraff deen de Motor nach um Lafen hat. Deemno huet e Mann hannert dem Steier geschlof. Ermëttlungen zu der Plack vum Auto hunn erginn, datt de Selweschten eng Zäit virdrun op der Autobunn gemellt gouf. Den Alkoholtest war och hei positiv.

Wären der Kontroll gouf de Chauffer ëmmer méi aggressiv, huet d'Polizisten als Rassiste beleidegt an ass duerch d'Strooss getierkelt an huet gejaut. Doropshi gouf decidéiert de Mann an d'Zell ze bréngen. De Permis gouf agezunn.