Um Samschdeg ass en Auto an eng Tanksail zu Lalleng geknuppt. Donieft ass e Motocyclist bei Ierpeldeng mat engem Won kollidéiert.

Géint 15:00 Auer gouf um Samschdeg en Accident op enger Tankstell an der rue de Luxembourg zu Lalleng gemellt. Deemno war en Auto géint eng Tanksail geknuppt an de Chauffer souwéi d'Bäifuererin goufe liicht blesséiert. D'Tanksail gouf beim Accident beschiedegt wouropshin d'Tankstell sécherheetshallwer evakuéiert ginn ass a kuerzfristeg zougemaach gouf.

Géint 16:00 Auer koum et op der N27 tëscht Ierpeldeng a Méchela zu engem Accident. Hei war e Motocyclist an enger Grupp vun 9 Motocyclist a ënnerwee déi vun Ierpeldeng gefuer komm si wéi de concernéierte Motosfuerer a Richtung Méchela an enger laanger Lénkskéier mat engem Won kollidéiert ass. De Motocyclist gouf schwéier blesséiert. Op Uerder vum Parquet gouf d'Streck gespaart an Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet.