Um Samschdeg konnten zu Gaasperech an an der Stad Onéierlecher gestallt ginn déi geklaut haten.

Zu Gaasperech hunn Sécherheetsbeamte vun engem Akafszenter op der Cloche d'Or um Samschdeg Nomëtteg en Onéierleche géint 13:30 Auer gestallt. Den Déif hat Alkohol an Elektroapparater geklaut. De Parquet huet d'Festnam vum Déif ordonéiert dee virun den Untersuchungsriichter koum.

Donieft huet de Parquet um Samschdeg Owend géint 18:20 Auer an engem weidere Fall d'Festnam vun engem Onéierlechen ordonéiert. Dat an der Stad op der Place de la Gare. Den Déif hat Alkohol aus engem Buttek geklaut. En Mataarbechter huet den Déif gestallt gehat an hie bei d'Police bruecht. Den Déif koum virun den Untersuchungsriichter.