E Sonndeg war d’Bundestagswal an Däitschland.

No der kompletter Auszielung hunn d’Sozialdemokrate vun der SPD mat 25,7 % vun de Stëmme gewonnen. D’Unioun CDU-CSU huet da 24,1 % vun de Stëmme kritt. Déi drëtt stäerkste Partei ass déi Gréng Partei mat 14,8 %. Esouwuel den SPD-Kandidat Olaf Scholz wéi den Unioun-Kandidat Armin Laschet wëlle probéieren eng Regierung ze bilden. D’Koalitiounsverhandlunge kënnen nach laang daueren.