© NUCCIO DINUZZO / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / AFP
Den R. Kelly gouf bei sengem Mëssbrauchsprozess schëlleg gesprach.
An zwar huet d’Jury de Museker an alle Uklopunkte schëlleg gesprach. Dem R. Kelly gëtt ënner anerem sexuell Ausbeutung vu mannerjärege Persounen a Kidnapping virgeworf. Méi präzis soll de 54-Järege Fraen, Meedercher a Jonge mëssbraucht hunn. Elo kéint de Museker zu 10 Joer bis liewenslaangem Prisong verurteelt ginn. Den R. Kelly sëtzt schonn zënter 2 Joer am Prisong.