D'Entreprise Pfizer huet eng gréisser Etüd mat enger Anti-Corona-Pëll ugefaangen.

Dës Pëll géif éischter präventiv agesat ginn. D’Zil wier et dass d'Kontakter vun enger infizéierter Persoun dës Pëll huele fir de Risiko vun enger Infektioun ze limitéieren. Et handelt sech ëm eng antiviral Pëll. Pfizer analyséiert d’Effikassitéit vun der Pëll a Kombinatioun mam HIV-Medikament "Ritonavir". Iwwer 2.600 Persoune wäerte bei dëser Etüd matmaachen.