© Eldoradio
Zënter en Dënschdeg kënne 16 nei Petitiounen um Site vun der Chamber ënnerschriwwe ginn.
Ënner anerem fuerdert eng Petitioun dass Leit déi géint de Coronavirus geimpft sinn oder geheelt sinn nees e ganz normalen Alldag zeréckkréien. Eng weider Petitioun wëll dass d’Corona-Impfung obligatoresch gëtt fir d’Restriktioune kënnen opzehiewen. Eng aner Petitioun proposéiert Englesch als weider offiziell Sprooch zu Lëtzebuerg.