Aldi rifft zwou Salz-Millen aus sengem Sortiment zeréck.

Aldi rifft zwou Salz-Millen aus sengem Sortiment zeréck.

Wéi d’Securité Alimentaire op hirem Internetsite matdeelt, rifft d'Supermarchéschaîne Aldi zwou Salz-Millen aus hirem Sortiment zeréck. Dat well am Salz, dat a béide Millen enthalen ass, Salmonelle kéinte sinn. Dës kéinten zu enger Partie gesondheetleche Problemer féieren.

Déi éischt Millen, déi betraff ass, ass de "Moulin XXL Sel de mer aux herbes" vun der Mark Portland mam Oflafdatum vum Juli 2024 an der Identifikatiouns-Nummer 125350.

Déi zweet Millen, ass déi mam "Sel de mer méditerranée - aux herbes" vun der Mark "Grill time!" mam Oflafdatum vum Mee 2024 an der Identifikatiouns-Nummer 124351.