Wéinst enger méiglecher Presenz vu Glasstécker goufen d'Schockelaskichelcher vun der Mark GEPA zeréckgeruff.

D’Schockelaskichelcher vun der Mark GEPA goufen zeréckgeruff.

Wéi d’Sécurité Alimentaire an engem Communiqué matdeelt, kéinte Glas-Stécker an dëse Kichelcher enthale sinn. Dës kënnen ënner anerem zu ënner Blessure féieren.

Vum Réckruff betraff sinn d’Kichelcher mam Oflafdatum vum 21. Mee 2022. Dës Kichelcher goufen hei am Land a folgende Butteker verkaaft:

  • Apadana Sàrl
  • Welt Buttik Diddeléng 
  • Episol-Sanem Coop
  • Welt Buttek Norden S.A.
  • Food2 Go Hollerich
  • Pars Lux S.à r.l.
  • Kulturhaff Millermoler
  • Boutique du monde ( Bettembourg; Diekirch; Esch; Luxembourg)

Et kann allerdéngs net ausgeschloss ginn, dass d'Kichelcher och op anere Plaze verkaaft goufen.