Der Police ass et gelongen e presuméierten Dealer festzehuelen. Beim Mann goufen ënner anerem 103 Bullen Heroin séchergestallt.

Géint 18h20 e Méindeg den Owend war et der Drogen-Sektioun vun der Police Judiciaire an Zesummenaarbecht mat enger Partie Kommissariater aus der Stad gelongen e presuméierten, gréisseren Drogendealer festzehuelen. Dëse soll eng Partie Clienten am Péitruss-Dall mat Heroin a Kokain beliwwert hunn. Am Ganzen haten d’Beamte 6 Drogekonsumente kontrolléiert an hir Droge confisquéiert.

De presuméierten Dealer konnt duerno um “Boulevard de la Pétrusse” festgeholl ginn. Bei him konnten d’Polizisten 363 €, 103 Bullen Heroin an 81 Bulle Kokain sécherstellen. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Dënschdeg virun den Untersuchungsriichter. Dësen huet en Haftbefeel géint hie verhaangen.