© JAVIER SORIANO / AFP
Am internationale Fussball huet en Dënschdeg den Owend e Lëtzebuerger Spiller Geschicht geschriwwen.
An der Grupp D vun der Champions League huet de Lëtzebuerger Sébastien Thill fir eng Sensatioun gesuergt. Hien huet nämlech sengem Club Sheriff Tiraspol aus Moldavien et erméiglecht géint de Real Madrid ze gewannen. De Sébastien Thill huet den decisive Goal bei der 2-1 Victoire géint de Real geschoss.